Sie sind hier

Neie President vun der DP-Sektioun Mäertert-Waasserbëlleg

News

Op éiser Generalversammlung ass den Änder FRIDEN als neie President vun der DP Mäertert-Waasserbëlleg gewielt ginn. Den Änder huet 55 Joer an ass e Miselerjong. Hien ass 1988 bei der Ouverture vun der Autobunn als Douanier op Waasserbëlleg (Val Fleuri) komm a wunnt zënter 1998 mat senger Famill um Widderbierg zu Mäertert. Seng éischt grouss Aufgab ass et eng DP-Löscht mat gudde Kandidatinen a Kandidaten fir d´Gemengewalen zesummen ze stellen.